D´Serie vu Videokonferenzen, déi vun Oktober 2024 bis Mäerz 2025 fir d’fënnefte Kéier vun der SNL an dem ‘natur musée’ organiséiert gouf, ass nees op vill Zousproch gestouss! Un de sechs Virträg hunn ëmmer tëschent 50 a 80 Leit deelgeholl.
Eemol am Mount hunn Naturalisten verschidden Aartegruppe virgestallt a fir d’Aartevilfalt begeeschtert. Et goung ëm Päiperleken, Heesprénger, Libellen, urban Flora, Rout Lëschten an domadder d’Gefährdungen vun den Aarten souwéi Schutzstrategien fir d’Aarten. Eise Merci geet fir d’éischt un d’Referente Axel Hochkirch, Lisette Cantú-Salazar, Claude Kolwelter, Raoul Gerend, Yves Krippel, Thomas Frankenberg, Nora Elvinger a Lea Bonblet fir hir exzellent Virträg. E besonnesche Merci gëllt dem ‘natur musée’ fir d´Collaboratioun, dem Thierry Helminger fir d´Moderatioun an och de Partner Naturschutzsyndikat SICONA, Administration de la nature et des forêts, Association des Biologistes Luxembourgeois, Frënn vum ‘natur musée’ an dem Institut de formation de l’Éducation nationale. Um Enn natierlech och e grousse Merci un all déi Leit, déi sech jiddwer Mount mat vill Interessi zougeschalt hunn.
Am Oktober 2025 start déi nächst Serie vun Trefft d’Naturalisten – Dir duerft nees op ee flotte Programm gespaant sinn!