Archives de catégorie : Nouvelles

Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng drëtt Oplag vun der Serie vu Videokonferenzen vun Oktober 2022 bis Mäerz 2023, eemol am Mount, Méindes Owes um 20 Auer. D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. 

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen.

Programm an Umeldung

Trefft d´Naturalisten – E klenge Bilan

D´Serie vu Videokonferenzen, déi vun Oktober 2021 bis Mäerz 2022 zum zweete Mol vun der SNL an dem ‘natur musée’ organiséiert gouf, ass op vill Zousproch gestouss. Insgesamt hunn iwwer 300 Leit un de sechs Virträg iwwer Zoom deelgeholl.

Eemol am Mount hunn Naturalisten verschidden Aartegruppe virgestallt a fir d’Aartevilfalt begeeschtert. Et goung ëm d´Fliedermais, Faren, Vullen, Galen, d´Paleontologie an d´DNA-Fuerschung. Eise Merci geet fir d’éischt un d’Referente Jacques Pir, Alain Frantz, Yves Krippel, Max Steinmetz, Ben Thuy, Liliane Burton a Nico Schneider fir hir exzellent Virträg, déi ëmmer erëm d’Passioun fir d’Natur an hir Erfuerschung illustréiert hunn. E besonnesche Merci gëllt dem ‘natur musée’ fir d´Collaboratioun, dem Thierry Helminger fir d´Moderatioun an och de Partner Administration de la nature et des forêts, Association des Biologistes Luxembourgeois a Frënn vum ‘natur musée’. Um Enn natierlech och e grousse Merci un all déi Leit, déi sech jiddwer Mount mat vill Interessi zougeschalt hunn.

Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng zweet Oplag vun der Serie vu Videokonferenzen vun Oktober 2021 bis Mäerz 2022, eemol am Mount, Méindes Owes um 20 Auer. D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. 

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen.

Programm an Umeldung

Méi Informatiounen

Trefft d´Naturalisten – E klenge Bilan

D´Serie vu Videokonferenzen, déi vun Oktober 2020 bis Mäerz 2021 vun der SNL an dem ‘natur musée’ organiséiert gouf, ass op vill Zousproch gestouss. Insgesamt hu bal 400 Leit un de sechs Virträg iwwer Zoom deelgeholl.

Eemol am Mount hunn Naturalisten verschidden Aartegruppe virgestallt a fir d’Aartevilfalt begeeschtert. Et gouf awer och op den Aarteverloscht opmierksam gemaach. Et goung ëm Mamendéieren, Kiewerleken, Päiperleken, Planzen, mee och ëm manner bekannt Gruppe wéi d’Ostracoden. Eise Merci geet fir d’éischt un d’Referente Laurent Schley, Lisa Siebenaler, Paul Braun, Sandra Cellina, Claude Meisch, Simone Schneider a Marcel Hellers fir hir exzellent Virträg, déi ëmmer erëm d’Passioun fir d’Natur an hir Erfuerschung illustréiert hunn. E besonnesche Merci gëllt dem ‘natur musée’ an och de Partner Administration de la nature et des forêts, Association des Biologistes Luxembourgeois a Frënn vum ‘natur musée’. Um Enn natierlech och e grousse Merci un all déi Leit, déi sech jiddwer Mount mat vill Interessi zougeschalt hunn. Et encouragéiert eis, och am nächsten Hierscht a Wanter eng nei Serie vu Virträg unzebidden.

Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng Serie vu Videokonferenzen vun Oktober 2020 bis Mäerz 2021, eemol am Mount, Méindes Owes um 20 Auer. D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. 

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen.

Programm an Umeldung

Méi Informatiounen

Organisatioun
Société des naturalistes luxembourgeois & Musée national d’histoire naturelle, an Zesummenaarbecht mat der Association des biologistes luxembourgeois, den Amis du Musée an der Administration de la nature et des forêts.

Bulletin de la SNL: “Online First” seit Juli 2020


Wir freuen uns, ab sofort einen neuen Service für unsere Autoren und Leser ankündigen zu können: Online First, die sofortige Online-Veröffentlichung aller akzeptierten Beiträge, sobald die Autoren die korrigierten Korrekturfahnen zurückgeschickt haben und der Redaktionsprozess abgeschlossen ist.
Seit dem diesjährigen Band 122 werden somit Artikel im Laufe des Jahres auf www.snl.lu unter einer eigenen ISSN-Nummer veröffentlicht.
Unser Bulletin wird wie gewohnt am Ende des Jahres mit den Artikeln des laufenden Jahres als gedruckter Band herausgegeben.
Hier gelangen Sie zu den aktuellsten Artikeln.

Livre “Les mammifères du Luxembourg”

Les mammifères sont l’un des groupes d’animaux les plus dangereux. En raison de leur style de vie ou crépuscule discret et souvent nocturne, nous les voyons rarement. Dans ce livre, les auteurs Laurent Schley et Jan Herr décrivent les 72 espèces de mammifères pertinentes pour le Luxembourg. La diversité des mammifères est aussi intéressante que surprenante. Un long chapitre est consacré à la protection des mammifères.

Référence bibliographique :
Schley, L. & J. Herr, 2019. Les mammifères du Luxembourg. Éditeur : natur&ëmwelt a.s.b.l., Ministère du développement durable et des infrastructures, Administration de la nature et des forêts. 224 S. ISBN : 978-2-9199511-2-3.