Date/Heure
30/09/2018
09:30 - 18:00
Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar
Categories
D’Frënn vum natur musée – Les Amis du Musée national d’histoire naturelle an d’SNL invitéieren op eng Dages-Exkursioun an zwou historësch Carrièren am Norde vum Land:
D’Antimon-Carrière vu Géisdref an d’Koffergrouf vu Stolzebuerg
Zesumme mam Mineralog vum MNHNL, dem Simon Philippo, besiche mir déi zwee Minnen a kréien interessant geologesch, historesch a mineralogesch Informatiounen zum Thema. Ënnerwee gëtt et och bestëmmt nach Interessantes aus Fauna a Flora z’entdecken.
Programm:
- Rendez-vous an Depart um 9.30 Auer op der Stater Gare (Parking Post)
- Tëschestopp um 9.40 Auer zu Dummeldéng um Parking vun der Gare
- Tëschestopp um 10.00 Auer zu Ettelbréck um Busarrêt virum Cape (Place Marie-Adelaïde)
- Mëttegiessen am Restaurant Koeppe Jemp
- Retour zu Lëtzebuerg géint 18.00 Auer
Präis: 37 € (Transport, Féierungen, Entrée a Menu sec abegraff)
Umeldung:
per E-Mail: oder per Telefon 462240-320 bis spéitstens de 15. September.
Gitt bei der Umeldung onbedéngt un, wou der an de Bus eraklammt a wat fir e Menu der wëllt! Weider Renseignementer am Sekretariat vun de Frënn: 462240-320 oder
Dëst ass den Ersatz-Rendez-vous vum 22. Abrëll 2018, wo dësen Tour leider musst ofgesot ginn. Prioritéit hunn déi Leit, déi scho bezuelt haten.
Net vergiessen: Waarm Kleedung, fest Schong, Täscheluucht oder Kappluucht.
→ Programm a weider Informatiounen am PDF-Format [PDF 556 Kb]