Date/Heure
07/10/2024 - 10/03/2025
20:00 - 21:30
Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar
Categories
D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng Serie vu Video-Konferenzen vun Oktober 2024 bis Mäerz 2025, méindes um 20 Auer.
Ënnert dem Motto “Trefft d´Naturalisten” präsentéieren Iech eis Spezialiste verschidden Aartegruppen an erzielen iwwert hir Aarbecht beim Beobachten a Bestëmmen. Wëssenswäertes a flott Geschichten iwwer interessant Aarten: vun de Kiewerleken, Nuetspäiperleken iwwer d´Mamendéieren, Planzen asw. – Dir dierft gespaant sinn!
D´Virträg daueren 30-45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch.
D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch gehalen.
Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen. D’Zuel vun de Participante pro Videokonferenz ass op max. 100 begrenzt. No der Registréierung erhalt Dir eng Bestätigung per E-Mail mat Informationen iwwer d´Deelhuelen un der Videokonferenz.
Programm an Umeldung
07.10.24 um 20 Auer
Rote Listen – Wie lang und rot sind sie?
Axel Hochkirch
Fir d’Umeldung hei klicken
18.11.24 um 20 Auer
Butterflies – jugglers of the skies!
Lisette Cantú-Salazar
Fir d’Umeldung hei klicken
16.12.24 um 20 Auer
De Flip a seng Kolleegen: Heesprénger an hir Liewensräim
Claude Kolwelter
Fir d’Umeldung hei klicken
13.01.25 um 20 Auer
Libellen – ënnerwee an der Loft an am Waasser
Raoul Gerend
Fir d’Umeldung hei klicken
10.02.25 um 20 Auer
Urban Flora: tëscht Paweesteng an a Mauersplécken!
Yves Krippel & Thomas Frankenberg
Fir d’Umeldung hei klicken
10.03.25 um 20 Auer
Wat sinn eis national Strategien a Pläng fir konkreten Aarte- & Biotopschutz?
Nora Elvinger & Lea Bonblet
Fir d’Umeldung hei klicken
Moderatioun: Simone Schneider & Thierry Helminger
De Programm fannt Dir och hei [PDF 1,7 MB].
Organisatioun: Société des naturalistes luxembourgeois & Naturmusée an Zesummenaarbecht mat der Association des biologistes luxembourgeois, den Les amis du musée national d’histoire naturelle, der Administration de la nature et des forêts, dem Naturschutzsyndikat SICONA , dem Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité an dem Institut de formation de l’Education nationale (IFEN).